D'Brëlle-Gespenst - Sylvie Ptitsa - E-Book

D'Brëlle-Gespenst E-Book

Sylvie Ptitsa

0,0
7,99 €

-100%
Sammeln Sie Punkte in unserem Gutscheinprogramm und kaufen Sie E-Books und Hörbücher mit bis zu 100% Rabatt.

Mehr erfahren.
Beschreibung

"D'Brëlle-Gespenst" ass e pedagogescht Hëllefsmëttel, dat Kanner an Erwuessen opfuerdert, fir iwwer d'Wäerter vum Zesummeliewen an de Respekt virun aneren ze diskutéieren. Den Held gëtt mat Mobbing a Gewalt an der Schoul konfrontéiert, awer och am erweiderte Sënn mat Virurteeler, Ausgrenzung a Rassismus. Hannert der Geschicht, inspiréiert u Situatiounen, déi wirklech gechitt sinn, gëtt et eng Lëscht an zwou Sproochen, déi vu Jonker am Alter vu 7 bis 12 Joer erstallt gouf : "Schoulmobbing an 22 Wierder, vu Kanner erausgesicht, erkläert an dekoréiert." E Video Clip, dee mat Kanner aus enger Grondschoul gedréit gouf, Lidder a Spiller (op Franséisch) sinn och disponibel.

Das E-Book können Sie in Legimi-Apps oder einer beliebigen App lesen, die das folgende Format unterstützen:

EPUB
MOBI

Seitenzahl: 19

Veröffentlichungsjahr: 2021

Bewertungen
0,0
0
0
0
0
0
Mehr Informationen
Mehr Informationen
Legimi prüft nicht, ob Rezensionen von Nutzern stammen, die den betreffenden Titel tatsächlich gekauft oder gelesen/gehört haben. Wir entfernen aber gefälschte Rezensionen.



Un all d'Gespenster, mat oder ouni Brëll, fir datt si ni méi onsiichtbar sinn.

Dat klengt Gespenst ass traureg. D‘Vakanz ass eriwwer.

„Hei ass däi Schoulsak !“ seet säi Pappa.

Oh neen....kee Schoulsak… Dat klengt Gespenst, den Elouan weess genee, wat kënnt.

Mee pssst!... näischt verroden !... Dat ass e Geheimnis...

„Hei ass däi Brëll !“ seet d‘Mamma.

Oh neee... kee Brëll... dat klengt Gespenst, den Elouan weess ganz genee, wat kënnt.

Mee pssst!... näischt verroden !... Dat ass e Geheimnis…

Haut ass Schoul. Dat klengt Gespenst haasst d`Schoul. Et muss ee ganz eleng do bleiwen, ouni Mamma a Pappa. Et muss een d‘Mamma eleng fortgoe loossen a selwer hannert der zouener Dier a Mauere bleiwen… mat deenen aneren... Firwat kënnen déi kleng Gespenster eigentlech net duerch d‘Maueren schwiewen? Dat ass dach net normal! Normalerweis schwiewen d‘Gespenster dach einfach duerch... ah... mee hien däerf net... däerf net…

Den Elouan kräischt. Et ass Paus. D’Paus ass do, wou ee sech normalerweis ameséiert. Déi aner ameséiere sech an hu Spaass... vill Spaass. Just den Elouan, deen ameséiert sech net. Guer net, Säi Schoulsak steet um Buedem. En anert Gespenst hopst drop. Säi Brëll läit an der Poubelle. En anert Gespenst huet en do dra geheit. D‘Joffer-Gespenst schwätzt mat der Joffer vun enger anerer Gespenster-Klass. Si gesäit näischt. Et kéint ee mengen, datt alles wat hei geschitt, och fir si onsiichtbar ass, grad esou... wéi e Gespenst (fir e Mënsch, mengen ech).

Den Elouan kräischt. Alles ass verschwommen. Ass dat wéinst den Tréinen oder wéinst dem Brëll, deen an der Poubelle läit ? Sécherlech wéinst deenen zwee. Et gëtt och nach en drëtte Grond: Niwwel kënnt op. Ganz séier ass de Schoulhaff voll wäissen Niwwel, a kee gesäit méi eppes.

Katastrof! An dat grad elo zu dësem Moment, wou d’Mammen d‘Kanner siche kommen! Wéi soll een an deem décken Niwwel de Wee bei d‘Paart fannen, hannert däer d‘Mamme waarden ? Souguer d‘Joffer an hir Frëndin si verluer.

Ee vun deene béise Gespenster daucht an d‘Poubelle an zitt dee bloen, e bësse verbéite Brëll eraus, a gëtt dem Elouan en erëm.

„Hei, Brëlle-Baby ! Amplaz ze kräischen, weis eis emol de Wee bei d’Paart ! Maach emol fir eng Kéier eppes Gescheites mat dengem Brëll !“