Erhalten Sie Zugang zu diesem und mehr als 300000 Büchern ab EUR 5,99 monatlich.
"D'Evangelium nom Markus" beinhaltet eine Übersetzung ins Luxemburgische des gesamten Markus-Evangeliums (mit Kapitel- und Versangabe, aber ohne Perikopentitel), ausgehend vom griechischen Referenztext in der Fassung von Nestlé-Aland 28.
Sie lesen das E-Book in den Legimi-Apps auf:
Seitenzahl: 92
Veröffentlichungsjahr: 2018
Das E-Book (TTS) können Sie hören im Abo „Legimi Premium” in Legimi-Apps auf:
E Wuert mat op de Wee
Mgr. Jean-Claude H
OLLERICH
SJ
Eng kuerz Aféierung
Fränz B
IVER
-P
ETTINGER
D’Evangelium nom Markus
Et ass mir eng Freed, der lëtzebuergescher Versioun vum Markus-Evangelium e Wuert mat op de Wee ze ginn.
Nodeems d’Äerzbistum schonns 2009 en Evangeliar erausginn huet, an deem d’Evangelientexter vun alle Sonndeger a vun de grousse Festdeeg op Lëtzebuergesch dra stinn, läit, nom Matthäus- a Johannes-Evangelium, elo och den integralen Text vum Markus-Evangelium vir, dat vum Iwwersetzergrupp „D’Bibel op Lëtzebuergesch“ a laangjäreger Aarbecht a mat vill Méi vum Griicheschen an eis Sprooch iwwersat gouf. Ech well op dëser Plaz der Equipe vun den Iwwersetzer mäi Merci a mäi Respekt dofir ausdrécken, an dat an der Hoffnung, datt deemnächst och nach dat véiert Evangelium (Lukas) als integralen Text op Lëtzebuergesch erauskomme kann.
Dem Herrgott sengem Wuert, dat äis an den Evangelien iwwerliwwert gëtt, kënnt eng eminent wichteg Plaz am Liewe vun der Kierch an am Liewe vun all eenzelne Gleewegen zou. Et muss souzesoen den Deessem ginn, deen dat ganzt Liewe vun de Mënschen duerchsaiert (cf. Mt 13,33). Well da gëtt et zu engem Wuert, dat Halt an Orientéierung schenkt. Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft dann och zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.
An deem Sënn wënschen ech den Evangelientexter op Lëtzebuergesch, déi elo virleien, datt si dee Som sinn, dee räich Fruucht bréngt (cf. Mt 13,3-23)!
Lëtzebuerg, am Advent 2018
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg 1. D’Evangelium nom Markus steet an der Nofolleg vun dëser éischter offizieller Iwwersetzung vun Evangelientexter a Lëtzebuerger Sprooch: Dir fannt hei dee ganzen Text vum Markus-Evangelium (Mk), op der Basis vum griichesche Referenztext, iwwersat no deenen nämmlechte Critèrë wéi am Evangeliar2.
D’Evangelium nom Markus ass an engem klenge Format gedréckt. Et ass geduecht fir de perséinleche Gebrauch am Alldag, virun allem awer och fir et an der Katechees an de Paren ze gebrauchen.
Dofir erlaabt äis dës kuerz Aféierung:
De Chrëschten hir Bibele bestinn aus engem méi alen Deel, dem sougenannten Alen oder 1. Testament (AT), gréisstendeels op Hebräesch verfaasst, an engem méi neien Deel, dem Neien, oder 2. Testament (NT) op Griichesch.
Déi Sammlung vu Schrëften, déi mir an eise Bibele fannen an an deenen d’Chrëschten hire Glawen als authentesch iwwerliwwert unerkennen (de sougenannte „Kanon vun de biblesche Bicher“), besteet, fir d’Neit Testament, aus 27 Bicher: deene véier Evangelien, der Apostelgeschicht, de Paulusbréiwer, de kathoulesche Bréiwer an der Offenbarung vum Johannes, och nach Apokalyps genannt.
Et sinn dës Schrëften, déi no an no ënner de Chrëschten eng zerguttstert Autoritéit kritt haten; aner Schreiwëssen, déi vu Gemeinschaft zu Gemeinschaft virugereecht goufen, kruten dës Autoritéit net. Se sinn äis wuel zu engem gudden Deel erhale bliwwen, als Zäitzeie vun de Gedanken, Iwwerleeungen, Froen a Suerge vun den éischte Generatioune vu Chrëschten, déi verspreet uechter d’Réimescht Räich gelieft hunn. Mee se goufen net als Riichtschnouer (Kanon heescht ë. a. „Regel“ op Griichesch) fir de Glaf zréckbehalen.
Ee vun deene wichtegste Gedanken, deen duerch déi ganz Bibel geet, ass dee vun engem Bond tëscht Gott an de Mënschen. Dat hebräescht Wuert fir dee Bond (berit) gouf op Latäin mat „testamentum“ iwwersat. Dohir kënnt dann och eis Bezeechnung Testament, Aalt oder Neit, fir d’Bicher aus der Bibel.
Et leien en etlech Jorhonnerten tëscht där Zäit, wou d’Bicher aus der Bibel néiergeschriwwe goufen – nodeems se zu engem Deel iwwer eng méi oder manner laang Zäit mëndlech iwwerliwwert gi waren –, an äis. D’Distanz ass esouwuel eng historesch wéi eng kulturell-geographesch an eng sproochlech. An dach ass dat, wat mir do liesen, héichaktuell, well d’Grondfroe vun de Mënschen am Fong ëmmer nach déi nämmlecht sinn. D’Konditioun awer, fir datt dës iwwerliwwert Texter fir äis zougänglech sinn a bleiwen, ass ze versichen ze verstoen, wat déijéineg, déi se néiergeschriwwen hunn, deemools soe wollten. Dann eréischt kënne mir froen, wat se äis haut soe kënnen.
D’Neit Testament fänkt u mat deene véier Evangelien, dem Matthäus, dem Markus, dem Lukas an dem Johannes. D’Wuert Evangelium gouf vum Verfaasser vum Markus-Evangelium (cf. Mk 1,1) opgegraff an ewéi eng Iwwerschrëft gebraucht, fir déi Gutt Noriicht ze bezeechnen, déi engersäits mat dem Jesus vun Nazareth an d’Welt komm ass, an déi hien anerersäits verkënnegt huet3. Jiddfereent vun den Evangelien ass, op seng Manéier, e Credo; jiddfereent beliicht a verkënnegt aus e bëssen engem anere Bléckwénkel dës Gutt Noriicht vum an duerch de Jesus, den Operstanenen, an deem si de Messias, de Christus an dem Herrgott säi Jong erkannt hunn. A jiddfereent gräift Erzielungen iwwer de Jesus oder Rieden an Aussoe vun him op, déi bis dohi mëndlech virugi goufen. Do dernieft gëtt och ugeholl, datt d’Verfaasser vum Matthäus- a vum Lukas-Evangelium d’Markus-Evangelium kannt hunn (oder op d’mannst déi nämmlecht Iwwerliwwerung), datt si zu engem Deel déiselwecht Sammlunge vu Spréch kannt hunn, awer och hir eege Quellen haten. Dat erkläert, firwat mir eng Rei Texter bei deenen dräi Evangelisten erëmfannen, déi dowéinst och Synoptiker genannt ginn; aner Texter liese mir just bei der zwéin an nach anerer nëmme bei engem vun hinnen. – De Johannes steet wuel an därselwechter Traditioun, ma hien huet dat iwwerliwwert Material (Erzielungen, Rieden asw.) méi op eng him eege Manéier verschafft.
Mat e Grond, firwat mir Ënnerscheeder an der Aart a Weis déi Gutt Noriicht ze presentéieren, tëscht deene véier Evangeliste fannen, ass, datt si op verschidde Plaze geschriwwen hunn, fir d’Leit aus hire Chrëschtegemeinschaften. Esou ass et ze verstoen, datt d’Markus-Evangelium, dat héchstwahrscheinlech ëm d’Joer 70 zu Roum néiergeschriwwe gouf fir Leit, déi, éier se Chrëschte gi sinn, Heede waren, Verschiddenes anescht erkläere muss wéi z. B. d’Matthäus-Evangelium, vun deem ugeholl gëtt, datt et ëm d’Joer 80 a Syrien, eventuell zu Antiochia, vläicht awer och a Phönizien verfaasst gouf fir an der Majoritéit Leit, déi virdru Judde waren oder sech fir de jüddesche Glaf interesséiert hunn.
* * *
An nach e puer Wuert weider zum Markus-Evangelium
Dëst Evangelium fänkt u mat de Wierder „Ufank vum Evangelium vum Jesus Christus“4. E puer Zeile méi wäit gëtt et och „dem Herrgott säin Evangelium“ (Mk 1,14) oder einfach nëmmen „Evangelium“ genannt (Mk 1,15). An et ass fir d’Mënschen all geduecht:
De Jesus verkënnegt dës Gutt Noriicht vum „Herrgott sengem Räich“ duerch dat, wat hie mécht (Kranker heelen, Dämonen ausdreiwen), an duerch dat, wat hie seet. Drolegerweis erkennen d’Dämonen, wien de Jesus ass, ma si kréien de Mond verbueden (Mk 1,23-25.34; 3,11-12). Dat nämmlecht gëllt fir déi Leit, déi geheelt goufen, oder fir déi, déi derbäistoungen (Mk 1,43-44; 5,42-43; 7,36). – D’Jünger awer froen sech ëmmer méi, wien hien ass.
D’Rätsel ëm dem Jesus seng Persoun an seng Missioun gëtt opgeléist engersäits an dem Péitrus sengem Bekenntnes (Mk 8,29) an anerersäits am Drama vum Jesus sengem Prozess virum jüddesche Sanhedrin (Mk 14,61-62) an am Bekenntnes vum heedneschen Centurio ënner dem Kräiz (Mk 15,39): De Jesus ass de Christus, de Messias, dem Herrgott säi Jong, an dat fir d’Jünger wéi fir d’Judde wéi fir d’Heeden, an anere Wierder fir d’Mënschen all.
Direkt no dem Péitrus sengem Credo kréien d’Jünger gesot, de „Mënschejong“ misst villes erleiden, hie misst doutgemaach ginn an no dräi Deeg operstoen (Mk 8,31), wat dann zu Jerusalem och geschitt. Am Ganze kréien d’Jünger dat dräimol gesot (Mk 8,31; 9,31; 10,33-34). Ma si sinn a bleiwe schwéier vu Begrëff bis zum Schluss.
D’Markus-Evangelium betount méi wéi déi aner Evangelien, wéi wichteg d’Trei ass an dem Jesus senger Nofolleg (cf. z. B. Mk 8,34-38); mat e Grond dofir ka sinn, datt d’Markus-Evangelium zu Roum néiergeschriwwe gouf, ëm déi Zäit, wou den Nero Keeser war. – Eng ganz al Traditioun vum Papias vun Hierapolis (ëm d’Joer 150) verzielt, de „Markus“ wier dem Péitrus säin Dolmetscher zu Roum gewiescht, an hien hätt Uerdnung an dat bruecht, wat de Péitrus de Leit verkënnegt huet.
An do wéilte mer eppes an eegener Saach drunhänken: Ob dat esou war, wéi de Papias geschriwwen huet, kënne mir hei net soen. Mee wéi mir dëst Evangelium iwwersat hunn, hate mir et dacks schwéier mam Markus sengem Sazbau, esou wéi wann dee griicheschen Text versiche géif, engem hebräeschen-aramäeschen Text esou trei wéi nëmme méiglech ze bleiwen, a wéi wann dës Trei dann, vum Sazbau hier, e relativ schlecht Griichesch erginn hätt.
Et kéint een hei nach villes iwwert d’Markus-Evangelium schreiwen. Mee dat Einfachst ass, et ze liesen.
A wann ënnerwee Froen opkommen zu deem, wat Dir do liest, dann zéckt net a mailt äis se ([email protected]).
Fränz Biver-Pettinger,
fir den Aarbechtsgrupp
„Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“
1Evangeliar. Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ (2009). Luxembourg, Archevêché, Saint-Paul.
2Evangeliar, S. IX-XVI. De griichesche Referenztext ass dee vum Nestle-Aland 28 (Eberhard Nestle, Barbara Aland, Kurt Aland, Novum Testamentum Graece. 28. Auflage, Deutsche Bibelgesellschaft, Stuttgart 2012, ISBN 978-3-438-05159-2).
3 D’Wuert Evangelium gouf fir d’éischt am Neien Testament am Paulus sengem 1. Bréif un d’Thessalonicher gebraucht (cf. 1 Thess 1,5; 2,2.4.8.9; 3,2). Dat ass dat eelst Schreiwes vum Neien Testament a gouf ëm d’Jore 50-51 néiergeschriwwen. – Et war deemools gewot, dat Wuert Evangelium am Zesummenhang mat engem Doud um Kräiz ze gebrauchen, well et gemengerhand fir frou Noriichten iwwer de Keeser a säin Haff benotzt gouf (cf. z. B. den Epigraph vu Priene aus dem Joer 9 v. Chr.). Dat Verb, dat derzou gehéiert, war aus der Septuaginta, der griichescher Iwwersetzung vun de Schrëften, eisem „Alen Testament“, bekannt am Zesummenhang mat dem Heemkommen aus dem Exil zu Babylon (cf. Is 40,9; 52,7; 60,6).
4 Dat heescht: „Ufank vun der Gudder Noriicht, déi vum Jesus, dem Christus, kënnt an déi an engems iwwer hien erzielt“.
11 Ufank vum Evangelium5 vum Jesus Christus, dem Herrgott sengem Jong.
2 Esou wéi beim Prophéit Isaias geschriwwe steet
– Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier:
Hie bereet däi Wee vir.
3Eng Stëmm rifft an der Wüüst:
Maacht dem Här säi Wee prett,
maacht seng Pied grued6–
4 esou ass de Johannes den Deefer an der Wüüst opgetratt, an hien huet eng Daf vun der Ëmkéier verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss géifen. 5 D’ganzt Land Judäa an och all d’Awunner vu Jerusalem hunn sech op de Wee gemaach a si bei hie gaang; si hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss, an dobäi hunn si hir Sënnen agestan. 6 De Johannes hat e Kaméilspelz un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénger a wëllem Hunneg gelieft.
7 Hien huet verkënnegt: „No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen. 8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, hien awer deeft iech mat hellegem Geescht.“
9 Déi Zäit koum de Jesus vun Nazareth a Galiläa erfort, an hie gouf vum Johannes am Jordan gedeeft. 10
